De
14. Mee 2025 gouf d’Duerfplaz
„Place Grand-Duc Henri“ zu Senneng
feierlech
ageweit a Präsenz
vum Grand-Duc perséinlech.
De Gilbert Sauber huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir dem Grand-Duc Henri an der Ministesch Martine Hansen onse klenge Musée ze weisen an de Grand-Duc huet sech begeeschtert gewise vun all deene schéine Schätz déi hien do konnt entdecken. Villmools Merci fir dëse flotte Moment!
De Weekend vum 27. an 28. September hate mer déi 2. Editioun vun onsem groussen Oldtimer Treff fir Camionen, Busen a Pompjeesautoen . 42 Aussteller waren ob Ueweraanwen komm fir hier al Gefierer ze weisen. Sonndes hu mer dunn de 75. Gebuertsdag vum VW Bulli gefeiert mat 15 T1, T2 an T3 Bullien, déi de Wee bis bei ons fonnt haten. D’Ae vu Grouss a Kleng hu geliicht a ware faszinéiert vun deenen aussergewéinleche Gefierer, déi se do ze gesi krit hunn. Villmools Merci un all d‘Aussteller, d’Visiteuren an och un all déi, déi gehollef hunn dëse Weekend sou schéin ze gestalten.
This website uses cookies to ensure you get the best experience on our website.